letzte Aktualisierung:
14.09.2011
Seit dem
30.12.2004
hatten wir:
![]() |
Geschiicht Trëntenger Musek a.s.b.l. |
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| DGrënnung vun der Trëntenger Musek get op eng Grupp jonk Leit zreck, déi sech am Joer 1945 enert dem Numm Theaterfrënn Spass an Eescht zesummengeschloss hun fir dJugend an dkulturell Liewen am Duerf opliewen ze loossen. Enner denen Theaterfrënn waren och Museker, déi sech en Intrument kaft hun fir bei festleche Geleegenheeten domat ze spillen. Den éischten musikaleschn Optrëtt vun den Theaterfrënn war am Mee 1945 op enger Hochzäit. Durno, am Juni 1945 hun si um Kiischtefest am Café Schweitzer Danzmusek gespillt. Uschléissend hun dTheatrefrënn als éischt op der Hierschtkiermes am Dall den Hämmelsmarsch geblosen an dono, op Invitatioun vum Buergermeeschter Auguste Kayl, och zu Waldbriedemes. Beim Kiischtefest 1946 ass vun engem Vierstandsmember dFro gestallt gin: Fir wat laft der als wëll Musikanten dorëmmer? Grënd dach eng uerdentlech Musek! Dorober as dann den 24. Juli 1946 dGrënnungsversammlung vun der Fanfare de Trintange ofgehallen gin. Si waren zu 34 Memberen déi fir eng Musek waren . Den éischte Dirigent war den Här René Schmit vun Ierseng. Den Grënnungs Comité huet sech zesummengesat aus dem:. Président.................. : Jos Goedert Vize Président........... : René Schmit Sekretär.................... : Jos Glodt Keessier................... : Emile Ehlinger Memberen................. : Constant Knepper Chronik: 1947 Den 2 Mäerz as déi éischt Generalversammlung vun der Musek. 1948 DMusek kritt en neien Dirigent, den Här Ady Mootz. DMusek huet 28 Musikanten um Pult. 1950 Den 15. Juli get den éischten Fändel vun der Musek geweiht. 1961 DMusek krirr hir éischt Uniformen. 1969 No 21 Joer iwwerhëlt den Här Strauss vum Här Ady Mootz.den Tackstack vun Fanfare de Trintange 1971 Den 4 Juli feiert Fanfare de Trintange hire 25 Anniversaire. DMusek huet 22 Musikanten Pult an 20 Schüler. 1973 DMusek kritt nei Uniformen. 1977 No 8 Joer verléisst den Här Lucien Strauss dFanfare. Neien Dirigent get den Här Narcisse Dahm. 1978 Den Här Jean-Pierre Barthel léist den Här Narcisse Dahm no kurzer Tätegkeit of. 1983 Den Galaconcert get ennert enger neie
Form opgefouert 1986 Nom erfolgereichen Galaconcert get den Här Jean-Pierre. Barthel no achtjähriger Tätegkeit säin Dirigenten-Stack of. Als Neien Dirigent gouf den Här Norbert Valmorbida verpficht, den awer no e puer Méint vum Här Claude Schenten ersat gouf. 1988 Den 15 September sin Solfégecoursen an der Musekschoul vun der Stadt Diddeling gehalen gin. 1989 Bedeelegung un der 150 Joer Onofhängechkeit-Feier an der Stadt mat der Museken vun Duelem a Wellensteen um Cortége vun allen Museken an Gesangveräiner aus dem Land 1992 Den Galaconcert get fir déischt an senger Geschicht zu Waldbriedemes gespillt. 1994 Déi éischt Opféierong vun der Fuesrevue zu Waldbriedemes. 1996 DFanfare
de Trintange feiert hiren 50. Anniversaire mat engem groussen Programm:
13. an 14. Abrëll. : Concert de Gala de la Fanfare de Trintange
20. Abrëll........... : «Journée des Anciens» de la Fanfare de Trintange
24. Abrëll........... : Concert de la Musique Militaire Grand-Ducale
27. Abrëll........... : Marche populaire à Waldbredimus
12. Mee............. : Concert de la Fanfare de Trintange à Bous
6. an 7. Juli........ : Kiischtefest
10. Novembre..... : Concert offert par l'Union Grand-Duc Adolphe au
Centre Culturel à Trintange 7. Dezember....... :
Dia-Show 50 Joer Trëntenger Musek 1997 23. Februar as dFanfare
de Trintange an Trëntenger Musek a.s.b.l. emgedeeft
gin. 1998 DMusek Kritt en neien Dirigent,
den Här Josy Holcher. De Solfége get nei organiséiert
mat der UGDA. 1999 DMusek kritt een neie Comité
Président........... : Jean Turmes
Vize Président.... : Helene Terens
Sekretär............. : Germain Weniger
Keessier............ : Fernand Hoss
Memberen.......... : Lucie Kummer-Raach
Martin Bohler
Thessy Ternes 1999 Alt erem en Neien Dirigent an zwar
den Här Fernand Gallo 2000 Den 3.Mee demissionéiert den Här Fernand
Gallo.
Den 29.7 get den Här Christian Niggel neien Dirigent. DTrëntenger
Musek huet eng musikalesch Fusioun mat der Musek vun Ehnen. 2001 Den 3.10 demissionéiert den Här Christian
Niggel.
Den 22.11 get dMadame Mariette Simon-Clemens Dirigentin zu
Trënteng. Hir éischt Prouf huet si schon den 13.10 gehal. 2002 Den 10. Juni huet den Grand Duc Henri
seng Entrée Joyeuse zou Remich. 2003 Den 26.1 as déi éischt Generalversammlong
am neien Musekssall zu Waldbredimus. Den 20. Juni spillt dMusek
ee Concert op der Esplanade zu Remich. Dat 58. Kiischtefest get den
6.Juli zu Trënteng op der Duerfplaz ofgehal.
Vum 30. August bis den 7. September as den Stage vum Jugendregionalorchster
zu Trënteng. Zum Ofschloss as Sonndes, den 27. September ee Concert zu
Bous. Den 7. November get déi nei
Schoul zu Bous ageweiht. Den 21. November get déi nei
Schoul zu Trënteng ageweiht. 2004 Fir den Fréijoersconcert kritt dTrëntenger
Musek nei Uniformen. DMadame Becker vun Einen offréiert der Musek
wäiss Poloen. Presidenten
vun 1946 un:
Den aktuellen Comité vun der Musek an den Kiischtentrëppler:
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||